in

Uespelter Musek mat “Musical Night”

Hierscht-Concert dëst Joer “Musical Night”

Di zahlräich Museksfrënn vun der Uespelter Musek déi Enn dës Joers op den Hierscht-Concert koumen, goufen nees net enttäuscht. Nodeems déi läscht Joren d’Filmer um Programm stoungen, war et dëst Joer un de Musicals. Virun hirem treie Publikum huet de Jugendorchester zesumme mam groussen Orchester hiert Kënnen am 1. Deel gewisen, a 4 flott Stécker, déi si bannen 2 Méint geprouft haten, gespillt. D’Bün war voll ausgelaascht mat knapp 75 Musikanten, et kann ee soen: de Fortbestand vun der Uespelter Musek ass garantéiert.

Hiren dynameschen Dirigent Albert Nimax huet nees déi richteg Arrangementer erausgesicht gehat.

No engem fliegenden Wiessel war et dunn um groussen Orchester. Si hunn sech mat méi alen oder manner bekannte Musical ewéi There’s no Business like Show Business aus dem Musical “Anny get your gun”, Selections from Wicked, Chess an The Sound of Music präsentéiert. Desweideren hunn si den hollännesche Musical “Soldaat van Oranje” en Arrangement wat si vun Hulsberger (NL) Musek offréiert kruten.

Duerch den Owend hunn déi 2 Musikantinnen Noély Wiltzius a Lou Schiltz mat flotten a witzegen Anekdote gefouert. Och hei konnt den Dirigent Albert Nimax nees mat deene richtege Stécker/Arrangementer fir e gelongenen Owend suergen.

Nodeems de President Pol Schiltz allen Éieregäscht an Nolauschterer Merci gesot huet fir hir Presenz an Ënnerstëtzung, huet hien de Musikante mat hirem Dirigent fir déi fantastesch Leeschtung vun dësem Galaconcert gratuléiert. Als Zugab huet d’Uespelter Musek dem Publikum Äddi gesot mam engem méi witzegen Arrangement vu Jingle Bells.

Et kann ee soen, et war nees e flotten Owend wou vir jiddwereen eppes derbäi war an d’Musikante freeën sech elo schonn op den „Unlimited – Back to the 80’s “ am Fréijoer 2024.

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von uespeltermusek

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Flotte Wanterconcert vun der Harmonie Berdorf

Greiweldeng