in

Flotte Wanterconcert vun der Harmonie Berdorf

D’Bäertrëffer Musek huet de 16. Dezember op hiren traditionelle Wanterconcert invitéiert. Wéi all Joer hat den Dirigent mat de Musikantinnen a Musikanten ee flotte Programm astudéiert.

Am gutt gefëllte Sall vun “A Schmadds” huet d’Jugendmusek di richteg Stëmmung fir den Ufank bruecht. Ënnert der Leedung vum Nadine Diedenhofen hunn di jonk Musikanten a Musikantinne mat e puer flotte Stécker eng gelongen Aféierung an den Owend gebueden.

Fir den Haaptdeel vum Concert huet d’Harmonie Berdorf musikalesch intressant an usprochsvoll Wierker virgedroen. Am éischten Deel si méi lieweg an dynamesch Stécker gespillt ginn, am zweeten Deel hu bekannte Chrëschtmelodien d’Nolauschterer begeeschtert. Héichpunkt vum Concert waren dëst Jar zwee Solisten um Euphonium. D’Monique Kellen, eng jonk talentéiert Euphonium- an Trombone-Professorin, huet de Concert mat hirer Virtuositéit bravouréis beräichert. Zesumme mam Tim Hoffmann aus den eegene Reien hunn si dofir gesuergt, datt den Euphonium zur Éier komm ass.

 E grousse Merci un den Dirigent Christophe Weiland fir säin Engagement, deen zesumme mat der Bäertrëffer Musik et fäerdeg bruecht, de ville Gäscht ee flotten Owend ze bereeden, a Loscht ze maache fir den nächste Concert am Fréijar !

Crédit Photos: Fernand Schmitz

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von gilberttheato

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Die Februar-Ausgaben sind da!

Uespelter Musek mat “Musical Night”