in

13.01.2024: Chrëschtconcert an der Kierch zu Bäertref

Am Kader vum 10. Anniversaire vun der Chorale Berdorf-Consdorf hunn déi 2 Veräiner ënner der Leedung vum Roby Schiltz e flotte Chrëschtconcert gesongen. Eigentlech war dëse Concert fir den 9. Dezember 2023 virgesinn, huet awer misse kuerzfristeg wéinst ville Krankheetsfäll an éise Reien op den 13. Januar verluegt ginn.

An enger gutt besater a festlech beliichter Kierch war den Haaptophänker vun deem Concert d‘“Böhmische Hirtenmesse“ vum tschechesche Komponist Jakub Jan Ryba an enger eenzegaarteger Besetzung fir Uergel an 2 Geien, meesterhaft gespillt vum Rosch Mirkes, Jehanne Strepenne a Guy Goethals. Soliste waren d‘Anne Berna an de Roby Schiltz.

Iwwerzeege konnten is 3 Instrumentalisten och mat der Sonat a Fa-Majeur fir 2 Geien a Basso Continuo vum Antonio Vivaldi.

Am 2. Deel, fir de Concert ofzeschléissen, stungen nach e puer bekannte Chrëschtlidder um Programm.

Laangen Applaus a vill Luef vun den Nolauschterer hunn alle Bedeelegden um Concert vill Freed gemaach.

Bäi engem Patt am Centre Culturel „A Schmadds“ gouf e flotte musikaleschen Owend ausklénge gelooss.

Text: Chorale Berdorf- Consdorf                   Foto: Cati Fernandes

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von paulschilt

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Die Januar-Ausgaben sind da!

Die Februar-Ausgaben sind da!