Mir sichen de Kapp vun der Musel- & Sauerzeidung (m/w/d)
Gëff Deel vun eisem Trio an der Geschäftsleedung vu
presss sàrl.
Du hues:
- Eng Rei Joren Erfarung am Beräich Marketing, Medien a Berodung
- Du kenns dech gutt aus an der Regioun laanscht Musel a Sauer
- Schwätz Lëtzebuergesch an Däitsch, a gären och Franséisch an Englesch
- D’Motivatioun fir eng Institutioun an der Regioun, déi iwwer 40 Geschicht huet, an d’Zukunft ze féieren
- Hues Loscht dech an enger klenger Familljenentreprise mat Aktivitéiten an de Medien, der Kommunikatioun an dem Commerce anzebréngen?
Als Member vun der Geschäftsleedung vu Presss Sàrl wären deng Aufgaben ënnert anerem:
- Definitioun vun der inhaltlecher an der kommerzieller Strategie vun der Musel- & Sauerzeidung, esou wuel mëttel- wéi laangfristeg
- Gestioun vun enger Ekipp vu Beroder a Grafiker
- Entwécklung vun neie Geschäftsfelder, print an digital
- Strukturéierung vun den internen Ofleef
- 1. Uspriechpartner fir all méiglech Kontakter vun der Musel- & Sauerzeidung
- Berodung vun enger Auswiel vu Clienten
- Gestioun vum Daily Business vun der Musel- & Sauerzeidung
- Qualitéitskontroll a Schlussredaktioun vun den Ausgaben
Mir bidden:
- Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (50 – 100%)
- E familiär a professionellt Ëmfeld an enger Ekipp vun insgesamt 16 Persounen
- Eng Aarbechtsplaz an enger wonnerschéi moderniséierter Stadvilla am Zentrum vu Gréiwemaacher
- D’Méiglechkeet sech op de verschiddene Geschäftsfelder vun der Firma anzebréngen (Agence fir Design a Kommunikatioun, Konzeptioun a Realisatioun vun héichwäertege Produiten, Geschäft fir Dekoratioun- a Geschenkartikelen)
- Eng héich Wäertschätzung a Kollegialitéit, an d’Méiglechkeet eegestänneg a kreativ ze schaffen
Wanns du dech an dëser Beschreiwung erëm fënns a Loscht hues, dech an eiser Geschäftsleedung anzebréngen, da schreif eis op tess@burton.lu
Administratiounstalenter a Quereinsteiger opgepasst! (m/w/d)
Du bass aus der Regioun a bass an der Regioun verwuerzelt
an Du wëlls an denger Regioun schaffen?
Da komm an d’Ekipp vun der Musel- & Sauerzeidung!
Wat mir vun dir erwaarden:
- Du erleedegs eegestänneg administrativ an organisatoresch Aufgaben
- Du hues Erfarung an de Beräicher Administratioun, Sekretariat oder Verkaf
- Du Këmmers dech em d’Dossiere vun eise Clienten aus der Musel-Regioun an hues ëmmer en oppent Ouer fir hir Ufroen
- Du weess wat an der Regioun lass ass, a bass den Uspriechpartner fir d’Mënschen, d’Gemengen an d’Veräiner
- Du bass en Organisatiounstalent virun an hanner dem Ecran a beherrschs déi geleefeg Computerprogrammer
Wat dech bei eis erwaard:
- Flexibel Aarbechtsméiglechkeeten an e familljefrëndlecht Ëmfeld
- Eng familiär a professionell Ekipp vun insgesamt 16 Persounen
- Fräiraum fir Eegeninitiativ a Verantwortung
- D’Méiglechkeet sech aktiv mat an der Entwécklung vun den Aufgaben anzebréngen
- Eng Aarbechtsplaz an enger wonnerschéi moderniséierter Stadvilla am Zentrum vu Gréiwemaacher
- Eng héich Wäertschätzung a Kollegialitéit, an d’Méiglechkeet eegestänneg a kreativ ze schaffen
Wanns du dech an dëser Beschreiwung erëm fënns a Loscht hues, dech an der Ekipp vun der Musel- & Sauerzeidung ze engagéieren, da schreif eis op tess@burton.lu
Ween si mir?
Presss sàrl ass säit iwwer 40 Joer d’Verlagshaus
vun der Muselzeidung an der Sauerzeidung.
Nieft dëser Aktivitéit gehéieren och
d’Kommunikatiouns- an Designagence creative corner,
de Buttek eicatcher an d’Mark coups de coeur zur Firma.