Bass du e Multitalent an de Beräicher Medien a Kommunikatioun? Kenns du dech op der Musel aus? Da bass de bei eis genau richteg!

Du:

  • hues eng Ausbildung an / oder Erfarung an de Beräicher Kommunikatioun, Medien, Commerce?
  • hues e professionellen a frëndlechen Ëmgang mat Clienten?
  • weess, wat an der Regioun lass ass, an hues en oppent Ouer fir d’Geschäftsleit, d’Veräiner an d’Gemengen?
  • bass Teamfäeg an oppen?

Deng Tâchen:

  • Inhaltlech a konzeptionell Mataarbecht un der Musel- a Sauerzeidung
  • Berodung a Betreiung vun de Clientë vun der Musel- a Sauerzeidung
  • Eegestänneg Gestioun vun diverse Projeten vun der Kommunikatiounsagence creative corner

Mir bidden:

  • eng ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz an engem Familljebetrib
  • eng familiär Ambiance an enger dynamescher Ekipp vu 17 Leit
  • flexibel Aarbechtszäiten am Kader vun engem CDI
  • eng Kultur vu Wäertschätzung an Eegeverantwortung
  • eegestännegt Schaffen an enger multidisziplinärer Ekipp

Ween si mir?

Presss sàrl ass säit iwwer 40 Joer Editeur vun der Musel- a Sauerzeidung. Zënter 2020 betreit

d’Agence creative corner Clienten an de Beräicher Grafik, Design a Kommunikatioun. Den

Eicatcher bitt nieft vill Kaddoen an Dekoratiounen och eng Gamme vun eegene Produiten.

Sidd Dir interesséiert?

Da schéckt Är Kandidatur op tess@burton.lu