in

Fairtrade Brunch Gemeng Schengen

Fairtradebrunch zu Boermereng 🍌🥐☕
Iwwer 100 Leit hunn sech gëscht am Centre Maus Ketti rëmfonnt fir vum Brunch, organiséiert vum Fairtradegrupp vun der Gemeng Schengen ze profitéieren a bei de Stänn lokal Produiten ze kafen.
Dobäi konnten si och déi schéi Biller zum Thema Fairtrade gemoolt vun de Kanner vun der Maison Relais Schengen a vum Kreativen Atelier vun der Schoul Elweng bewonneren. D’Annexe Bech-Maacher vun der Maison Relais hunn sech iwwerdeems ëm d’Info- a Menuskäertecher bekëmmert an den C3 an C4 vun Elweng waren zoustänneg fir d’Entréesbännercher.

Written by

Schreibe einen Kommentar

Besichtigung der „SPL“ auf Schloss Aspelt, am 29.10.2022.

3 Böllier Pensionären op Besuch zu Manternach