in

Ë Seeërchestour an eis Vergangenhéet

Gesellegen Owend mat de Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall an dem Cercle Amical vu Méideng.

Zesummen hunn sech iwwer 30 Leit op eng Zäitrees gemaach, fir un längst vergaangen Anekdoten ze erënneren. Si sinn duerch d’Méidenger Steekaul an duerch de Buchholz op déi Platze gaangen, wou fréier eng Parti Seeërcher entstane sinn. Hei goufen op e néis d‘Legenden a d’Geschichten aus den alen Zäiten opliewe gelooss. D‘Erzielerin Suzette Schmit-Lehnertz huet dem intresséierte Publikum déi laang vergaange Seeërcher iwwert de „Schappmännchen“, „D’Faass aus dem Buchholzerbësch“, oder dem „Wëlle Mann vun Duelem“ deen hei säin Onwiese gedriwwen huet, op eng spannend Aart a Weis virgedroen.
Duerno gouf dësen Owend am Centre-Culturel zu Méideng bei geselleger Stëmmung, engem gudde Maufel, an engem Patt ofgeschloss.

    

 Unpassenden Inhalt angeben

WEITERE NEUIGKEITEN VON JEAN-PAUL FEILEN >

Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall03.04.23 Oetringen

Ausstellung „Gesellechkeet, Spill a Fräizäit“15.12.22 Oetringen

D’NaGIS op Visitt an der Nationalbibliothéik20.06.22 Luxemburg – Kirchberg

Generalversammlung bei den Natur-a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall.26.04.22 Contern

Ausstellung iwwer Epicerien a Wiertschaften vu fréier.22.11.21 Oetringen

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von Jean-Paul Feilen

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Die August-Ausgaben sind da!

Mit dem e-208 in Le Mans 24h