De Club Syrdall bitt Aktivitéite fir Leit ab 50+ un. Gesondheet, Lifelong Learning, Visitten, Gesellegkeet, Ausflich, Informatioun, Kultur, Beweegung, Wanderungen a villes méi. Den Iwwergang vum Beruffsliewen an d’Pensioun erliichteren a begleeden, wéi och de sozialen Isolement vermeiden, sinn zwee vun eise wichtegen Ziler am Club.