in

Klassifikatioun Camping La Pinède – Consdorf

Mir hun Mëttwoch den 04/10 vun eisem Tourismus-an Mëttelstandsminister Lex Delles, d‘4-Stären-Plaquette iwwerreecht kritt.

Den Camping La Pinède um Buergkapp zu Konsdref ass dann elo een vun insgesamt 5 „4 Stären Campingen“ hei an eisem schéinen Ländchen.

En ganz groussen Merci un den Här Minister an u seng kompetent Equipen fir déi perfekt Zesummenaarbecht.

Och en groussen Merci eisem Campingwart Michel an der ganzer Equipe fir hir mega gudd Aarbecht all Daag bei eis um Camping.

Dank der Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng an dem Tourismus-Ministère kënnen mir d’Qualitéit vun eisem Camping ëmmer weider verbesseren.

Mir sin immens houfreg op des Klassifikatioun. Dat ass eis Motivatioun, fir weider zum Wuel vum Tourismus an eiser Gemeng an hiren Awunner baizedroën.

de Comité vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vu Konsdref

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von sit-consdorf

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Die Oktober-Ausgaben sind da!

OKTOBERFEST zu KONSDREF