in

Gebuertsdags-Gewënnspill

Matmaachen & gewannen

Elo sidd Dir gefrot!
Lo ass et un Iech, léif Lieserinnen a Lieser, eis Är Zitater eranzeschécken an un eisem Gewënnspill deelzehuelen. Beäntwert kuerz eng vun dëse Froen a schéckt eis Är Äntwert
(op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch) bis de 14. August 2022 per E-Mail
op burton@pt.lu, zesumme mat Ärem Numm, Virnumm an Ärer Adress.

Wat wënscht Dir der Muselzeidung fir d’Zukunft?

Wat gefält Iech an der Muselzeidung am beschten? Géift Dir eppes änneren?

Wat war eng witzeg Anekdot am Zesummenhank mat der Muselzeidung?

Wann Dir matmaacht, erkläert Dir Iech averstanen, dass Äert Zitat (mat Ärem Virnumm & der Uertschaft) an eisen Zeitungen an online däerf verëffentlecht ginn, an Dir d’Gewënnspillkonditiounen akzeptéiert. Är Äntwert huet keen Afloss op d’Gewënn-Chance, et gëtt aus alle Participantë geloust.

Verspillt gi flott Präisser:

1 x en Akafsbong am Wäert vu 500 €
1 x en Akafsbong am Wäert vun 250 €

25 x eng Fläsch Crémant an eiser Gebuertsdagseditioun mat Sektkühler vun der Muselzeidung

D’Akafsbonge sinn anzeléise bei engem Betrib vun Ärem Choix, dee mat enger Annonce an dëser Ausgab vun der Musel- oder Sauerzeidung vertrueden ass.

Vill Gléck!

Teilnahmebedingungen

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von presss

Schreibe einen Kommentar

GIPHY App Key not set. Please check settings

Moderne Küchenvielfalt

Die Geburtstags-Ausgaben sind da!