in

«Ons Jongen» sinn zu Gréiwemaacher net vergiess

Et war de 15. Juli 1956, wéi Kräizerbierg a Kräizkapell als „Monument aux Morts“ vun der Stad Gréiwemaacher deklaréiert an ageweit goufen. Zënterhier gëtt all Joer den 2. Sonndeg am Juli an der Kräizkapell un d’Affer vun deene Jongen a Meedercher geduecht, déi an där onséileger Zäit vum Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d’Heemecht agesat hunn.
Och 65 Joer no dem Verspriechen, déi gefale Komeroden net ze vergiessen, war dësen 11. Juli de Gedenkgottesdéngscht an der Kräizkapell – mat dem Kräizerbierg ass si zënter 2015 Nationalmonument – deen d’Maacher Zwangsrekrutéiert 1956 gestëft hunn.
De Schäffen- a Gemengerot ëm de Buergermeeschter Léon Gloden, de Comité vun “Ons Jongen” ëm de President René Sertznig an d’Maacher Stadmusek hate sech eng Éier draus gemaach, fir och a Covid-Zäite bei där besënnlecher Feierstonn mat derbäi ze sinn.
Um Enn vu senger Priedegt huet den Deche Claude Bache op d’Bedeitung vu “65 Joer Kräizerbierg a Kräizkapell Monument fir Ons Jongen” higewisen an den 1. President vun de Maacher Zwangsrekrutéierten, de Jules Sertznig, zitéiert, deen de 15. Juli 1956 gesot huet: “Esou laang ewéi d’Maacher Mauere stinn, esou laang wéi ëm de Kräizerberreg d’Riewe bléien, wäerte mir éis Komeroden net vergeessen an trei zum Land an trei zu éiser Heemechtsstad Maacher ston.”
No der Mass sinn ënner de Kläng vun der “Sonnerie aux Morts” Blumme beim Steen virun der Kapell néier geluegt ginn, an déi besënnlech Feierstonn ass mat dem Spillen a Sange vun der “Heemecht” ausgeklongen.

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von ville-de-grevenmacher

Schreibe einen Kommentar

Lions Club Fort Vauban Luxemburg spendet € 24.500.-

9

Fairtrade Gemeng Zertifikat fir d'Gemeng Schëtter