Scheckiwwerreechung fir d’Solidaresch Aktioun Eechternach
Den 25. Oktober 2019 huet d’A.M.S.E (Amicale Millermoaler Schull Eechternoach)e Scheck fir d’„Solidaresch Aktioun Iechternach“ am Wäert vun 2100 Euro iwwerreecht.
Stellvertriedend fir des ONG hunn d’Mme Christiane Dieschbourg an d’Mme Marie-Paule Kieffer de Scheck entgéintgeholl.
Dës Zomm gouf am Kader vum Ofschlossconcert „Singpause“ am Trifolion gesammelt.
D’Joffer Micky Zehren huet zanter dem leschte Schouljoer e ganz flotte musikaleschen a sozial-integrative Projet fir d’Cyclen 2 bis 4 op d’Been gestallt an deem d’Schüler ënnert anerem sange léieren.
Mat dësem Don ënnerstëtzt d’Iechternacher Grondschoul e Projet zu Bobo-Dioulasso am Burkina Faso.
Mir soen all de Schoulkanner e grousse Merci fir hiert Engagement.
GIPHY App Key not set. Please check settings