in

Noperschaftstreffen zu Milbech/Mutfert

Noperschaftstreffen zu Milbech.
Kierzlech ass eng Milbecher Traditioun opliewe gelooss ginn. D’Awunner vun der “rue de la Source”, an der “rue Op der Millebaach” hunn sech och 2019 nees zesumme fonnt fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen.
An der Wäistuff Leuck zu Lenneng hunn eng Partie Noperen aus de „Kräizstrachen“ bei engem gudde Pättchen an engem leckere Maufel en flotten Owend verbruecht. Dobäi sinn Erliefnesser aus der Zäit, genau esou wéi de Bléck an d’Zukunft ernimmt ginn. Déi Initiativ fir de perséinleche Kontakt an der Noperschaft ze behalen ass eng gutt Basis fir en Zesummeliewen am Quartier. Ëmmerhin wunnen hei déi mécht Leit schonn iwwer dräi Joerzéngte beieneen.
Organiséiert gouf déi gemeinsam Sortie vun den “Ënneschte Milbecher” vum Pierre Wolter a Jean-Paul Feilen. Séier war een sech eens, fir dës Traditioun och an Zukunft ze fleegen, a reegelméisseg e gemittlechen Austausch ënnerteneen ze maachen.

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von Jean-Paul Feilen

Schreibe einen Kommentar

Die November-Ausgaben sind da!

De BMW Auto Club Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'LAR