in

Assemblée Générale Berdorfer Laf asbl matt Scheckiwwerreeschung

GENERALVERSAMMLUNG BERDORFER LAF a.s.b.l. Freideg de 25.01.2019 um 19:30

Bei onser onser 11. Editioun vum Berdorfer Laaf kënne mer nees vun engem flotten Succès schwätzen. Bei, fir ons Verhältnisser am Fréihjoer, héijen Temperaturen sin den 26 ten Mee d’läscht Joer am Ganzen 716 Athletinnen an Athleten beim Maartbësch un den Départ gaangen. Daat sin der 75 méi ewéi daat Joer virdrun. (641)

Dei Zuel setzt sech zesummen aus net manner ewéi 243 Kanner verdeelt op déi 3 Kannerleef, 323 Leefer op 10km an 150 Athleten op den 5 km.

D’Gewenner 2018 woren de Fränk Schweitzer resp. d’Jessica Schaaf op 10km souwéi den André Wilhelms an d’Alice Coimbra iwwer 5km.

Een neien Streckerekord konnt net opgestallt gin, dee geet nach emmer zréck op d’Joer 2013 (Yonas Kinde, 30:56)

Och ronderem ons 5 Leef wor ewéi emmer vill gebueden, flott Musék virun a während dem Laaf, Kanneranimatioun, fir iessen an drenken wor beschtens gesuergt an net ze vergiessen den Oofschloss vum Owend mat onser traditionneller After-Run-Party.

Natiirlech kéinten mir 7 aus dem Comité dest Evenement niemols alleng duerch zéihen.

Dofir soen mir all onsen Sponsoren, der Bärdrefer Gemeng, de Pompjéen, der Musék, dem Fussball, dem Pingpong, dem Alexi Weemaes, der Police, der FLA, Ponts&Chaussées an all onsen fräiwellegen Hellefer een ganz groussen Merci. Gläichzäiteg welle mir awer och schons Reklamm maachen fir ons 12. Editioun déi op den 18. Mee dest Joer festgeluecht ass. Mir brauchen iech alleguer also nees !

Nom läschten Laaf hu mer de Compte-Rendu gemach an bis op 1-2 kleng Pannen kenne mer soen dass mer alles gudd an Greff haaten.

Den 21. September hu mer deenen Leit déi ons kräfteg ennert d’Ärm gegraff hun dun mat engem Iessen am Trail-Inn Merci gesoot.

Zanter onsem Laaf d’läscht Joer hun mer ons als Comité wéi gewinnt ongeféier eemol de Mount gesin, am Hibléck op onsen nächsten Laaf am Mee 2019.

Esou si mer dann elo nees voll motivéiert fir eisen 12ten Laaf op d’Been ze stellen.

Wie gefällt dir dieser Beitrag?

Geschrieben von Frank Konsbruck

Schreibe einen Kommentar

D'Damen vum Keeleclub hunn dem Jeanny seng 70 Joer gefeiert

12

Après-Ski Party in Wasserbillig